am Bistro mat der woxx-logo

am Bistro mat der woxx

News & Politics Podcasts >

More Information

Location:

Luxembourg

Twitter:

@woxxhebdo

Language:

English


Episodes

Am Bistro mat der woxx #067 – Discours sur l’état de la nation an Afrikapolitik

10/11/2019
More
Wéi all Woch kennt och haut nees e Podcast direkt aus dem Kabuff vun der woxx. Dës Woch ënnerhalen sech de Luc Caregari an de Raymond Klein vir d’éischt iwwer dem Xavier Bettel seng Ried zur Lag vun der Natioun – seng klimapolitesch Impulser, ma och seng Iwwerflächlechkeet stiechen do ervir. An dann erkläre mer nach firwat di accords […]

Duration:00:14:24

Sozialalmanach an 100 Joer Walrecht

10/4/2019
More
De Caritas Sozialalmanach ass all Joer op en Neits e wichtege Kompass vir d’Perspektive vum Land ze beschreiwen, e puer Woche virum Etat de la Nation vum Premier. Dëst Joer gouf sech op dat kontroverst Thema “Qualitative Wuesstem” konzentréiert. Ass dat méi wéi en eidele Politiker-Begrëff? Muss Lëtzebuerg awer op de Wee vun der Décroissance? Doriwwer schwätze mir mam Raymond Klein. Am […]

Duration:00:21:08

Lächer am soziaalen Netz zu Lëtzebuerg & Léisunge fir d’Klimakris

10/2/2019
More
Obwuel Lëtzebuerg ee gutt soziaalt Netz huet, ginn et Leit, déi doduerch falen. D’Isabel Spigarelli ass engem Fall vun engem Aarbechter nogaangen, deen net méi schaffe kann, deen seng Krankheet awer net unerkannt kritt. Wärend hien sech duerch d’Bürokratie kämpft, kritt hien awer keng Suen. Mir schwätzen doriwwer, wéi heefeg esou Fäll sinn a wisou et sou schwiereg ass, […]

Duration:00:21:14

Wéi sech Youth for Climate zu Lëtzebuerg entwéckelt huet

9/20/2019
More
Mam Streik vun de Schüler*innen huet haut d‘Week for Future ugefaangen. Eng ganz Woch laang ginn et Aktiounen, fir op d‘Dringlechkeet, eppes géint Klimakris ze maachen, hinzeweisen. Mir schwätzen dës Woch doriwwer, wéi sech Youth for Climate zu Lëtzebuerg zanter Mäerz entwéckelt huet. De Luc Carregari an de Joël Adami diskutéieren, ob déi Radikaliséierung, déi […]

Duration:00:10:57

Fantom-Investissementer zu Lëtzebuerg

9/13/2019
More
Dës Woch schwätze mir iwwert d’Fantom-Investissementer zu Lëtzebuerg. Et ginn nämlech esou vill auslännesch Investissementer am Land, datt déi guer net all an der realer Wirtschaft stieche kënnen. Dat geet aus engem Artikel vum internationale Wärungsfong ervir. Mir hunn eis ugekuckt, op den Titel “financial death star of Europe” Lëtzebuerg ëmmer nach gerecht gëtt an diskutéieren iwwert […]

Duration:00:11:27

Sexuell an affektiv Gesondheetserzéiung zu Lëtzebuerg

9/6/2019
More
Sexuell an affektiv Gesondheet ass zu Lëtzebuerg nach ëmmer een Nischenthema. Zanter e puer Joer gëtt et de Cesas, deen als nationale Referenzzentrum d‘Bildung an dësem Beräich besser koordinéiere soll. Dës Woch schwätze mir also iwwer Sex – mä net nëmmen doriwwer. Mir hunn eis ugekuckt, wat fir Projete beim Cesas entstane sinn a wat genee d‘Aufgabe vun dem Zentrum […]

Duration:00:12:10

Radikaliséierung op Youtube

8/30/2019
More
Eng Youtuberin reegt sech iwwer Feminismus a Klimaprotester op a benotzt dobäi ëmmer erëm Vokabulär aus der rietsextremer Zeen. Dat wier net onbedéngt eppes Aussergewéinleches, wann déi Persoun net an engem ëffentlech-rechtlechen Netzwierk géif agéieren, dat sech speziell u Jugendlecher riicht. Eist Thema vun der Woch ass riets Radikaliséierung op Youtube. Mir schwätzen doriwwer, wéi a wisou de Recommandatiounsalgorithmus […]

Duration:00:13:39

Wat ass een Äerdschëff?

8/23/2019
More
Zanter e puer Woche gëtt zu Reiden fläisseg vum Äerdschëff gebaut. Mat dem Begrëff gi Gebaier bezeechent, déi besonnesch ekologesch gebaut ginn. Ee vun den Haapt-Ingrediente sinn al Pneuen. Dat klengt zwar paradox, mä ass trotzdeem eng interessant Aart a Wéis vu „Upcycling“. Mir erklären, wisou dat esou ass. Ausserdeem kréie mir Andréck vum Chantier, bei dem sech virun allem jonk Fräiwëlleger bedeelegt hunn. An […]

Duration:00:13:23

Wat d’Landnotzung mam Klimawandel ze dinn huet

8/19/2019
More
Den UN-Klimarot IPCC huet viru kuerzem ee Spezialrapport zum Thema Landnotzung a Klimawandel erausginn. Doranner gëtt beschriwwen, wéi déi Aart a Wéis, wéi mir mat eisem Buedem ëmginn, een Afloss op de Klimawandel huet. Besonnesch d‘Landwirtschaft ass ee groussen Dreiwer vum Klimawandel. Mä awer och d‘Fro, wat fir Ökosystemer mir erhalen a schützen, ass hei kruzial. Mir hunn eis doriwwer ënnerhalen an […]

Duration:00:17:18

Déidlechen Hatespeech um Internet a Fat-Acceptance

8/9/2019
More
D‘Summerlach ass normalerweis eng Zäit, wou mir als Journalist*inne selwer Theme kenne setzen. Leider iwwerrennt d‘Aktualitéit eis heiansdo awer dach, sou wéi déi zwee Attentater de leschte Weekend an den USA. Mir hunn dat als Ulass geholl, fir e bëssen iwwert Hate Speech um Netz nozedenken, dee ganz séier zu tatsächlecher physescher Gewalt gi kann. Mir analyséieren dofir, […]

Duration:00:28:21

Am Bistro mat der woxx #057 – Streetart an Klimawandelleegner*innen

8/2/2019
More
Trotz Summerlach hunn mir dës Woch direkt zwee Theme fir iech: Streetart a Leit, déi de Klimawandel leegnen. Mir schwätzen iwwer Graffiti an aner Méiglechkeeten, den urbane Raum ze verschéinere – an doriwwer, wéi dës Konschtform zu Lëtzebuerg kommerzialiséiert an domestikéiert gëtt. Wann eng grouss Energiefirma hiren Traffo mat Graffiti bespraye léisst, ass dat dann nach Konscht oder […]

Duration:00:23:13

Am Bistro mat der woxx #056 – de Kampf géint Rietsextremer um Netz

7/26/2019
More
Rietsextremer, déi sech vun Twitter an anere sozialen Netzwierker zenséiert gefillt hunn, hunn een eegent soziaalt Netzwierk op d‘Been gestallt. E puer Joer laang ass „Gab“ op enger eegens dofir entwéckelter Software gelaf. Nodeems et awer ëmmer erëm Problemer gouf, sief et mat der Zouloossung vun hirer App an den App-Stores oder mat der Software selwer, […]

Duration:00:13:40

Am Bistro mat der woxx #055 – wéi Lëtzebuerg mat Asyl-Härtefäll ëmgeet

7/19/2019
More
Zwee Härtefäll sinn dës Woch eist Thema. Mir ënnerhalen eis iwwert de Fall vun zwou Fraen, déi an hiren Heemechtslänner sexuell Gewalt erfueren hunn, sollen zeréck an déi Länner, wou si als éischt Schutz ugefrot hunn. Eng krut awer kee Schutz an der Schwäiz, déi aner soll zeréck an Italien, wou grad eng extrem migratiounsfeindlech Politik gemaach […]

Duration:00:10:50

Am Bistro mat der woxx #054 – D’OCED huet Iddien géint d’Wunnengsnout – an de geheime Casier

7/12/2019
More
Wann d‘OECD sech fir méi staatlech Interventiounen ausschwätzt, ass dovunner auszegoen, datt eppes gewalteg schif leeft. Beim Wunnengsmaart zu Lëtzebuerg ass dëst nämlech de Fall. Mir schwätzen dës Woch an eisem Podcast doriwwer, wat d‘OECD fir Recommandatiounen mécht an wéi d‘Wunnengsbauministesch Sam Tanson dësen Argumentaire vis-à-vis vum Finanzminister ka benotzen, fir iwwert dëse Wee dofir […]

Duration:00:18:08

Am Bistro mat der woxx #053 – Iwwert Revenge Porn an Solidaritéit

7/5/2019
More
Ee Sex-Video dréint Ronnen op social media, virun allem op instagram. An dat ouni d‘Awëllegung vun der jonker Fra, déi dorobber ze gesinn ass. Mat hir gëtt de Geck gemaach, et gi Memes erstallt – mä zum Gléck gëtt et och eng grouss Solidaritéitswell. Mir schwätzen dës Woch net nëmmen iwwert de konkrete rezente Fall, mä […]

Duration:00:15:32

Am Bistro mat der woxx #052 – Aarmut zu Lëtzebuerg

6/28/2019
More
Dës Woch ass eist Thema net, wéi ee vläicht erwaarde kéint, d‘Hëtzt, mä d‘Aarmut zu Lëtzebuerg a mat wéi enge Mëttelen een dogéint kämpfe kann. Ausgoend vun enger Table Ronde, déi vun der Chambre de Commerce organiséiert ginn ass, huet sech d‘Tessie Jakobs dem Thema ugeholl. Mir schwätzen doriwwer, wisou ëmmer erëm – an och bei der […]

Duration:00:13:23

Am Bistro mat der woxx #051 – de Bilan vun der CFL an de Brussels Economic Forum

6/21/2019
More
Dës Woch schwätze mir an eisem Podcast iwwert de finanzielle Bilan vun der CFL an de Brussels Economic Forum. Déi national Eisebunnsgesellschaft huet dat fënneft Joer a Folleg mat engem liichte Plus ofgeschloss. Mir erklären, wat dat bedeit a wéi fragil dëst Resultat a Wierklechkeet ass. Nieft dem finanzielle gi mir awer natierlech och op d‘Zukunftsaussichte vun der CFL an, déi probéiere muss, […]

Duration:00:31:41

Am Bistro mat der woxx #050 – Diskriminéierung a politesch Korrektheet

6/14/2019
More
Ee Mathesexcerice huet zu Lëtzebuerg eng Diskussioun iwwert Homofeindlechkeet ausgeléist. Mä méi wéi iwwert d‘Aufgab an doriwwer, wéi se an dat Mathesbuch komm ass u sech ass iwwert aner Froen diskutéiert ginn. Déi hunn alleguerte mat Diskriminéierung an der sougenannter politescher Korrektheet ze dinn. Mir hunn dës Woch an der woxx net nëmmen iwwert rosa Kummere […]

Duration:00:18:18

Podcast: Am Bistro mat der woxx #049 – D’Klimapolitik vun der Europäescher Investitiounsbank

6/7/2019
More
Ass d‘Europäesch Investitiounsbank „de gréisste Klimafinanzéirer vun der Welt“, wéi d‘Bank et selwer behaapt, oder ass de Statement Greenwashing? Mir hunn eis d‘Investiounspolitik vun der EIB méi genee ugekuckt, a schwätzen dës Woch an eisem Podcast och exklusiv iwwert dëst Thema. Mir diskutéieren d‘Fro, a wat fir knaschteg fossil Energien d‘EIB nach ëmmer investéiert huet a wéi si hiren Nohaltegkeetbericht […]

Duration:00:14:14

Am Bistro mat der woxx #048 – d’Resultater vun den EU-Wahlen

5/31/2019
More
An der Woch no den Europawahlen analyséiere mir d‘Resultater, an dat op europäesche wéi op nationalem Plang. Den Dram vun enger progressiver Koalitioun am Europaparlament ass net erfëllt ginn, mä wat fir eng Koalitioune kënnen elo do entstoen? Mir probéieren ze erklären, wisou verschidde Parteienfamillje méi schlecht ofgeschnidden hunn, wéi een sech dat erwaart hätt. Ausserdeem diskutéiere mir iwwert Fro, wat fir […]

Duration:00:11:47