am Bistro mat der woxx-logo

am Bistro mat der woxx

News & Politics Podcasts >

More Information

Location:

Luxembourg

Twitter:

@woxxhebdo

Language:

English


Episodes

Wat hunn d’Luanda Leaks mat Lëtzebuerg ze dinn?

1/25/2020
More
Dës Woch schwätze mir doriwwer, wéi de Luc Carregari vun der woxx bei senger Recherche zu de Luanda Leaks virgaangen ass a wat fir Verbindungen d’Isabel Dos Santos zu Lëtzebuerg huet. Dobäi sinn eis zwou Firme besonnesch opgefall. Mir froen eis ausserdeem, wat déi Entdeckunge fir déi Lëtzebuerger Finanzplaz bedeiten.

Duration:00:20:20

De Status vun der europäescher Ëmwelt

1/17/2020
More
Der Ëmwelt an Europa geet et schlecht an et bléift net méi vill Zäit, fir eppes dovunner ze retten. Dat ass, graff gesot, de Constant vum Rapport „The European Environment – State and Outlook 2020“ vun der europäescher Ëmweltagence EEA. Wäert sech dat mam European Green Deal, deen eng Billioun Euro an de Klima- an Ëmweltschutz […]

Duration:00:13:39

Ondemokratescht Wahlrecht zu Lëtzebuerg

1/10/2020
More
Leschte Mëttwoch huet d‘Asti déi gefillten 100. Diskussiounsronn zum Thema Erneierung vum Wahlrecht zu Lëtzebuerg organiséiert. Mir schwätzen haut am Podcast doriwwer, wisou sech sou Diskussiounen dacks e bëssen ufillen, wéi wann een*t am Film „Groundhog Day“ gelant wier. An awer schéngt et, wéi wann sech d‘Meenunge lues a lues kéinten änneren, och bei der CSV. Mir […]

Duration:00:10:23

Liberaliséierung vu liichten Drogen?

1/3/2020
More
Nieft dem Cannabis ginn et nach eng ganz Rëtsch aner liicht Drogen, bei deenen et sech loune géif, iwwert eng Liberaliséierung nozedenken. Mir schwätzen dës Woch doriwwer, wéi eng dat sinn a wat d‘Argumenter fir eng Liberaliséierung sinn. Nieft den Auswierkungen op de Kierper an dem Suchtpotenzial sinn déi psychologesch Auswierkungen natierlech och net ze vernoléissegen. […]

Duration:00:13:52

Lëtzebuerger hunn sech um Holocaust bedeelegt

12/20/2019
More
Datt 14 Lëtzebuerger wärend dem zweete Weltkrich am Reserve-Polizeibataillon 101 aktiv waren, ass scho länger gewosst. Elo huet d‘woxx exklusiv eng Foto publizéiert, déi beweist, datt dës Lëtzebuerg keng Affer oder souguer Widderstandskämpfer waren, mä un der Ermordung vun der jüddescher Populatioun a Polen bedeelegt waren. Mir schwätzen iwwert Hannergrënn vun dëser Entdeckung an doriwwer, wat se fir […]

Duration:00:13:51

Ass Lëtzebuerg nach ëmmer ee Steierparadäis?

12/13/2019
More
Lëtzebuerg huet kee gudde Ruff, wat Steiergerechtegkeet ugeet. Allerdéngs betount d‘Regierung an de Finanzministere ëmmer erëm, datt sech d‘Land an deene leschte Joren zu engem „Musterschüler“ entwéckelt hätt. Stëmmt dat? Mir schwätzen haut an eisem Podcast doriwwer, wisou de Barreau géint d‘Ëmsetzung vun der Europäescher Direktiv DAC 6 Stuerm leeft a wat dat mat deene Konstrukter ze dinn huet, duerch […]

Duration:00:12:40

D’Fusioun vu Landesverband an OGBL

12/6/2019
More
Et ännert sech eppes an der Gewerkschaftslandschaft zu Lëtzebuerg. No enger längerer Phas vun intensiver Zesummenaarbecht kënnt et elo zu enger provisorescher Fusioun vu Fncttfel – Landesverband an dem OGBL. Mir schwätzen dës Woch doriwwer, wisou et esou laang gedauert huet, bis et zu dësem Zesummeschloss komm ass, obwuel d’Iddi vun der Eenheetsgewerkschaft zu Lëtzebuerg scho […]

Duration:00:18:20

D’Klimakonferenz COP25 an Ökosteieren

11/29/2019
More
Dës Woch dréint sech alles ëm de Klima. Mir schwätzen iwwert Preparativen zur UN-Klimakonferenz zu Madrid a beliichten d’Hannergrënn vun den Diskussiounen, déi do wäerte gefouert ginn. Wat mussen déi eenzel Länner elo op den Dësch leeën, fir de Prozess weiderzebréngen a wat huet et mat deenen ominéisen 100 Milliarden Dollar op sech, déi am Fong sollten deblockéiert […]

Duration:00:22:35

To be or to Airbnb?

11/22/2019
More
All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx hiert Thema vun der Woch fir – a bitt e Bléck hannert d’Kulisse vun der Aarbecht an der Redaktioun. Dës Woch ënnerhält sech d’Isabel Spigarelli mam Luc Caregari iwwer d’Online-Plattform Airbnb a firwat net nëmme mam Corinne Cahen sengem Appartement en zimmlech laxisteschen Ëmgang gëtt.

Duration:00:14:10

Wouhinner mat stoffällege Jugendlechen?

11/15/2019
More
Zanter Méint gëtt doriwwer diskutéiert, datt zu Lëtzebuerg keng Jugendlecher méi solle mat Erwuessener a de Prisong kommen. D‘Unisec soll eng Struktur sinn, mat där dëse Problem geléist ka ginn, mä et ass net déi eenzeg Léisung. Dës Woch schwätze mir doriwwer, wourunner et läit, datt nach ëmmer Jugendlecher an de Prisong op Schraasseg kënne kommen […]

Duration:00:12:26

Sech mam Nutri-Score gesond ernähren?

11/8/2019
More
Op ee Bléck erkennen, op ee Liewensmëttel gesond ass oder net – dat versprécht de Nutri-Score. Mat enger einfacher Bewäertung op enger Skala vun A bis E solle Konsument*innen direkt gesinn, wéi gesond eng Iesswuer ass. Mä esou einfach ass et natierlech net. D‘ULC an d‘Patientevertriedung hunn sech an deene leschte Woche fir de Nutri-Score ausgeschwat, och d‘Konsumenteschutzministerin Paulette Lenert huet sech grondsätzlech […]

Duration:00:12:17

Den Ëmbau vum ëffentlechen Transport am Garer Quartier

11/1/2019
More
An engem décke Joer soll den Tram op der Gare an der Stad ukommen. Iert et awer esouwäit ass, muss sech de Quartier – an all d’Leit, déi do wunnen a schaffe – mat engem grousse Chantier ploen. Mir schwätzen dës Woch doriwwer, op den Tram nach ëmmer op der Schinn ass, fir d’nächst Joer do unzekommen, wou […]

Duration:00:13:14

Radikaliséierung duerch Videospiller?

10/25/2019
More
De rietsextremen Attentäter vun Halle huet sech a sengem Manifest op Videospiller bezunn. Ass dat elo den endgültege Beweis dofir, datt déi sougenannt „Killerspiele“ een schlechten Afloss sinn? D‘Saach ass net esou einfach, an doriwwer schwätzen mir dës Woch an eisem Podcast. Vill méi wichteg wéi d‘Spiller selwer sinn nämlech d‘Zeen do rondrëm an de […]

Duration:00:11:11

Mediebildung an der Schoul

10/18/2019
More
Mat enger néier Campagne wëll Bee Secure Jonke Leit léieren, Fake News ze erkennen. Mä ginn esou vereenzelt Aktiounen duer oder wier et net méi wichteg, eng holistesch Approche zur Mediebildung an de Schoulsystem ze integréieren? Wéi d’Schoul mat neien, digitale Medien ëmgeet, ass dëst Woch eist Thema. Mir schwätzen doriwwer, datt et net duergeet, de Cours um […]

Duration:00:13:17

Am Bistro mat der woxx #067 – Discours sur l’état de la nation an Afrikapolitik

10/11/2019
More
Wéi all Woch kennt och haut nees e Podcast direkt aus dem Kabuff vun der woxx. Dës Woch ënnerhalen sech de Luc Caregari an de Raymond Klein vir d’éischt iwwer dem Xavier Bettel seng Ried zur Lag vun der Natioun – seng klimapolitesch Impulser, ma och seng Iwwerflächlechkeet stiechen do ervir. An dann erkläre mer nach firwat di accords […]

Duration:00:14:24

Sozialalmanach an 100 Joer Walrecht

10/4/2019
More
De Caritas Sozialalmanach ass all Joer op en Neits e wichtege Kompass vir d’Perspektive vum Land ze beschreiwen, e puer Woche virum Etat de la Nation vum Premier. Dëst Joer gouf sech op dat kontroverst Thema “Qualitative Wuesstem” konzentréiert. Ass dat méi wéi en eidele Politiker-Begrëff? Muss Lëtzebuerg awer op de Wee vun der Décroissance? Doriwwer schwätze mir mam Raymond Klein. Am […]

Duration:00:21:08

Lächer am soziaalen Netz zu Lëtzebuerg & Léisunge fir d’Klimakris

10/2/2019
More
Obwuel Lëtzebuerg ee gutt soziaalt Netz huet, ginn et Leit, déi doduerch falen. D’Isabel Spigarelli ass engem Fall vun engem Aarbechter nogaangen, deen net méi schaffe kann, deen seng Krankheet awer net unerkannt kritt. Wärend hien sech duerch d’Bürokratie kämpft, kritt hien awer keng Suen. Mir schwätzen doriwwer, wéi heefeg esou Fäll sinn a wisou et sou schwiereg ass, […]

Duration:00:21:14

Wéi sech Youth for Climate zu Lëtzebuerg entwéckelt huet

9/20/2019
More
Mam Streik vun de Schüler*innen huet haut d‘Week for Future ugefaangen. Eng ganz Woch laang ginn et Aktiounen, fir op d‘Dringlechkeet, eppes géint Klimakris ze maachen, hinzeweisen. Mir schwätzen dës Woch doriwwer, wéi sech Youth for Climate zu Lëtzebuerg zanter Mäerz entwéckelt huet. De Luc Carregari an de Joël Adami diskutéieren, ob déi Radikaliséierung, déi […]

Duration:00:10:57

Fantom-Investissementer zu Lëtzebuerg

9/13/2019
More
Dës Woch schwätze mir iwwert d’Fantom-Investissementer zu Lëtzebuerg. Et ginn nämlech esou vill auslännesch Investissementer am Land, datt déi guer net all an der realer Wirtschaft stieche kënnen. Dat geet aus engem Artikel vum internationale Wärungsfong ervir. Mir hunn eis ugekuckt, op den Titel “financial death star of Europe” Lëtzebuerg ëmmer nach gerecht gëtt an diskutéieren iwwert […]

Duration:00:11:27

Sexuell an affektiv Gesondheetserzéiung zu Lëtzebuerg

9/6/2019
More
Sexuell an affektiv Gesondheet ass zu Lëtzebuerg nach ëmmer een Nischenthema. Zanter e puer Joer gëtt et de Cesas, deen als nationale Referenzzentrum d‘Bildung an dësem Beräich besser koordinéiere soll. Dës Woch schwätze mir also iwwer Sex – mä net nëmmen doriwwer. Mir hunn eis ugekuckt, wat fir Projete beim Cesas entstane sinn a wat genee d‘Aufgabe vun dem Zentrum […]

Duration:00:12:10