Reen a Bou-logo

Reen a Bou

Science Podcasts

D'Wieder an de Klima sinn interessant a bestëmmen eist Liewen. D'Wieder a Klimaphenomeener ginn analyséiert.

Location:

United States

Description:

D'Wieder an de Klima sinn interessant a bestëmmen eist Liewen. D'Wieder a Klimaphenomeener ginn analyséiert.

Language:

English


Episodes
Ask host to enable sharing for playback control

Chancen op méi héich Temperaturen

4/13/2026
Nodeems et de Weekend manner mëll war, wäert sech dat elo viraussiichtlech erëm änneren. Iwwer déi nächst Deeg probéiert sech den Héichdrockafloss esou gutt et geet iwwer eis ze halen, iwwerdeems um Atlantik Déifdrockgebitter leien. Kee Wonner, datt d’Modeller erëm waarm Loftmassen undeiten.

Duration:00:05:44

Ask host to enable sharing for playback control

Vu fréisummerlech op variabel

4/10/2026
Déi lescht Deeg waren zu Lëtzebuerg fréisummerlech Temperaturen. Net nëmmen heiheem war et mëll: Zemools an Deeler vu Südfrankräich goufen 30 Grad erreecht a liicht iwwertraff. E Changement ass awer schonn amgaangen.

Duration:00:06:27

Ask host to enable sharing for playback control

E markante Waarmloft-Virstouss

4/3/2026
D’Fréijoer probéiert sech definitiv géint de Spéitwanter duerchzesetzen. Eng Phas mat iwwerduerchschnëttlechen Temperature steet un, erbäigeféiert duerch eng immens mëll südwestlech Stréimung.

Duration:00:06:43

Ask host to enable sharing for playback control

Wiederlag kéint geschwënn ëmschloen

3/30/2026
De spéitwanterleche Charakter weist sech nach e Stéck wäit an dëser Woch, mee et schéngt sech hannert de Kulissen e bëssen eppes ze doen.

Duration:00:05:46

Ask host to enable sharing for playback control

Turbulent Kalfront e Mëttwoch

3/23/2026
Mëtt der Woch fléisse kal an och fiicht Loftmasse vunder Nordséi hier op Lëtzebuerg, et erwaart eis richtegt Abrëllswieder mat Flacke mee och vläit mol engem lokale Graupeldonnerwieder.

Duration:00:04:45

Ask host to enable sharing for playback control

Weidere Wanterintermezzo méiglech

3/20/2026
Héije Loftdrock huet eis erëm am Grëff, zumools zanter e Mëttwoch a gréisstendeels ongestéierter Form. Et sinn awer schonn erëm e puer Stéierungen um Horizont, déi duerchaus spéitwanterleche Charakter kënnen unhuelen.

Duration:00:05:17

Ask host to enable sharing for playback control

Héichdrock mellt sech zréck

3/16/2026
Frascht a lokal och Schnéi hunn eis de Weekend nach eng Kéier gewisen, a wat fir enger Joreszäit mir eis eigentlech befannen. Virun enger Woch hate mir nach knapp iwwer 20 Grad.

Duration:00:04:40

Ask host to enable sharing for playback control

Déiwe Loftdrock bleift net

3/13/2026
Iwwer de Weekend gëtt et nach e Stéck méi variabel. An dëser Woch si schonn e puer Kalfronten iwwer eis ewechgezunn, haut um Freideg steet eng weider, méi markant un. De Méindeg soll awer schonn de leschten Dag vun dëser variabeler Phas markéieren.

Duration:00:08:59

Ask host to enable sharing for playback control

Den Atlantik mellt sech zeréck

3/9/2026
Et deet sech erëm eppes an eiser Wiederkichen. Zanter Enn Februar deit sech schonn e méigleche Changement fir dës nei Wiederwoch un - an dëse schéngt sech och ze confirméieren.

Duration:00:06:57

Ask host to enable sharing for playback control

Stéierunge gi méi warscheinlech

3/6/2026
Kal gëtt et deemnächst weiderhin net, mee et kann zu Stéierunge kommen. De Reen ass schonn erëm eng Zäit laang rar, mee de momentane Berechnunge no kéint sech dat d’nächst Woch änneren.

Duration:00:05:26

Ask host to enable sharing for playback control

Verlängerung vum gudde Wieder

3/2/2026
Den ugekënnegten Intermezzo war wierklech just temporär. Den héije Loftdrock reservéiert sech weiderhin den europäesche Kontinent bal ganz fir sech eleng. Et bleift fréijoersméisseg mëll an och de Reen hält sech ëmmer nach zeréck.

Duration:00:05:53

Ask host to enable sharing for playback control

Weiderhi kee Wanterwieder a Siicht

2/27/2026
De frëndleche Changement suergt am ganze Land fir gutt Laun. Wann een d’Wieder aus de leschten Deeg esou kuckt, géif een net soen, datt et virun eppes méi wéi enger Woch nach geschneit huet. Lëtzebuerg genéisst déi éischt fréijoersméisseg Temperature vum Joer.

Duration:00:05:28

Ask host to enable sharing for playback control

Fréijoersloft confirméiert

2/23/2026
Den ongemittlech naassen a lëftege Weekend ass duerch, elo gëtt et besser. D’Grousswiederlag wäert sech an der neier Woch esou ëmstellen, datt eis e richteg markante Virstouss vun däitlech méi waarme Loftmassen usteet.

Duration:00:07:15

Ask host to enable sharing for playback control

En Hauch vu Fréijoersloft

2/20/2026
De Weekend musse mir nach eng Kéier op d’Zänn bäissen, duerno gëtt et besser. Fir d’nächst Woch steet fir vill Leit eng wëllkomm Ännerung um Programm, et gëtt nämlech däitlech méi mëll.

Duration:00:06:41

Ask host to enable sharing for playback control

Wanterlechen Intermezzo geet virun

2/16/2026
Den een Déifdrockkomplex ass duerch, elo kënnt deen nächsten. Mir hunn en interessante Weekend hanner eis an et geet och alles anescht wéi “langweileg” virun.

Duration:00:06:13

Ask host to enable sharing for playback control

Markanten Temperaturréckgang

2/13/2026
Temporär ginn erëm polar Loftmassen zougespillt. Dee fir eis relevanten Déifdrockkomplex verzitt sech de Weekend a Richtung Osten, en Tëschenhéich setzt sech duerch. Allerdéngs gëtt et doduerch och däitlech méi kal.

Duration:00:06:26

Ask host to enable sharing for playback control

Rouege Weekend, dann nei Déifdrockausleefer

2/6/2026
No engem naasse Freide kënnt d’Sonn de Weekend eraus, virausgesat de Niwwel léist sech op. D’nächst Woch geet et mat der Westwiederlag virun.

Duration:00:05:33

Ask host to enable sharing for playback control

Weidert Onwiederpotenzial a Südwesteuropa

2/2/2026
Ëmmer nach ass d’Situatioun am Südweste vun eisem Kontinent ugespaant. Neien, zolitte Reen trëfft op Portugal a Spuenien, weider Iwwerschwemmunge sinn ze erwaarden.

Duration:00:06:48

Ask host to enable sharing for playback control

Wiederextreemer am Südweste vun Europa

1/30/2026
Zu Lëtzebuerg ass et roueg, nëmmen heiansdo zitt eng schwaach Front mat e bësse Reen oder och mol e puer Flacken duerch. A Frankräich mee awer och op der iberescher Hallefinsel weist sech d’Wieder vu senger zolitter Säit.

Duration:00:05:21

Ask host to enable sharing for playback control

Atlantesch Stréimunge kréien d’Soen

1/23/2026
Den Héichdrockafloss huet am Laf vun de leschten Deeg däitlech ofgeholl, den Atlantik spillt elo ëmmer méi eng Roll fir eist Wieder heiheem. Nohaltegt Wanterwieder kritt et doduerch schwéier gemaach.

Duration:00:06:31