Radio 100,7-logo

Radio 100,7

11.6K Favorites

Location:

Luxembourg, Luxembourg

Description:

De radio 100,7 ass de Radio fir Noriichten, alternativ Popmusek a Kultur zu Lëtzebuerg. Zanter 1993 begleet de radio 100,7 seng Nolauschterer an Nolauschterinnen duerch den Dag mat gudder Musek, recherchéierten Noriichten, Hannergrondinformatiounen an Interviewen, déi an d’Déift ginn. Eng besonnesch Plaz ass dobäi fir d’Kultur reservéiert. Musek aus Lëtzebuerg spillt am Programm vum radio 100,7 eng zentral Roll. 18 Prozent vun der Musek kënnt vu Kënschtler a Kënschtlerinne vun hei. Den 100,7 gëtt am allgemengen Interessi vum ëffentlech-rechtlechen Etablissement Média de service public 100,7 bedriwwen. Nieft dem FM-Radio zu Lëtzebuerg (100,7 MHz am Zentrum an am Süden, 95,9 MHz am Norde vum Land) fënnt een den 100,7 och um Internet op www.100komma7.lu. Do stinn och d’Podcaste vum 100,7, d’“Kannerkëscht” mat Lauschtergeschichte fir déi Kleng an d’Playlëscht vun der Musek, déi gespillt gouf.

Twitter:

@100komma7

Language:

Multilingual

Contact:

21a avenue JF Kennedy L-1855 Luxembourg +3524400441