Barockoco-logo

Barockoco

History Podcasts

Barock, nëmme schéine Schäin? Wat heescht dat, barock? Am Barock wosste se mol net, datt s'am Barock géife liewen. D'Wuert gëtt réischt am 19. Jh. "erfonnt". Et geet an dëser Serie vum Roger Seimetz méi drëm, dës, facettëräich, Epoch nei ze...

Location:

United States

Description:

Barock, nëmme schéine Schäin? Wat heescht dat, barock? Am Barock wosste se mol net, datt s'am Barock géife liewen. D'Wuert gëtt réischt am 19. Jh. "erfonnt". Et geet an dëser Serie vum Roger Seimetz méi drëm, dës, facettëräich, Epoch nei ze positionéieren, wéi an hir just Geckegkeet an Exuberanz ze gesinn, ob an Architektur oder Musek, Konscht oder Wëssen, Glaf oder Kierper. De "Raum" ännert, enkt Gréisst an op klengst Surface, mä iwwert Handelsroute gräife Kulturtausch a Wirtschaftsgidder op Europa a Kontinenter iwwer. Schéinheetsidealer entwéckele sech no Rezepter, Wëssen innovéiert an amplifiéiert Pionéierweeër a Kosmos an aller klengst Welten. "Barock", trotz all Bizarrem, steet och fir Uerdnung, ob an der Gesellschaft oder dem Schlassgaart. De Glaf spléckt sech, mä de Barock bleift kathoulesch bis an d'Muerch. Wéi awer gesäit een de Barock haut? Wéi analyséiere mer seng Zäit, déi d'Auer erfënnt a géint Krich a Pescht näischt maache kann ... oder näischt mécht? Ass barock, wat barock schéngt?

Language:

English


Episodes
Ask host to enable sharing for playback control

Geliefte Glaf an Zäit

11/24/2016
De Glaf, ob protestantesch oder kathoulesch, versicht Weltvisioun a Muecht ze vermëttelen, an Text, Bild a Partitur, wat de Gesellschaftscouchen all an de Krom, souwéi an d'Zäit passt. D'barock Welt brauch barock Helleger, sakralen Theater ass bluddeg a beléift beim Publikum a weist de Wee an eng geuerdent Welt, a sief et nëmmen op Kofferstéch a Landkaarten. Oder a paradisesche Gäert. Barock heescht also (och): Disziplin (Auere gi verbessert, Bierenautomate schloen op d'Tromm). Nieft Loscht...

Duration:00:11:13

Ask host to enable sharing for playback control

Wëssen entdeckt nei Welten

11/17/2016
Siichtbaren an onsiichtbare Kosmos, aus dem Observatoire oder dem Mikroskop, da's alles béis barock. Wëssen a Wëssenschaft ginn nei Weeër, hinne di sech nei Welten op, wann e Päiperlek preparéiert an enger gliese Këscht opgepickt ass an een an enger Kuriositéitskummer Muschelen a Schleeken duerch e Brëll mat gréng getéinte Glieser ka kucken, oder Oderen a Muskele ka frieden an dem Christus anatomicus an d’Geträips luusse kann. Eng Serie vum Roger Seimetz.

Duration:00:12:07

Ask host to enable sharing for playback control

Kierperidealer, Kierperkuriositéiten

11/10/2016
Eros, Moud an neit Geschir um Dësch, Sallef, Toilette a Parréck fir de Kierper Dat Schéint ass en Ideal, mä dat Ellent steet deem an näischt no. De Kierper gëtt entdeckt … an deforméiert oder nei forméiert. Déi Al sabbele vrum Susanna, d’Marrimaddelän weist wäiss Brëscht a Männer mat Elefanterüssel beafe Frae mat Léiweschwanz. Da's eng Säit vu barockem Ideal a Kuriéisem, wat sech grad sou an der Musek spigelt: Kastraten hunn Héichkonjunktur. D’Moud diktéiert den Design um Haff an de Resto du...

Duration:00:11:43

Ask host to enable sharing for playback control

Barock - nëmme schéine Schäin?

11/3/2016
Barock - eng Seefeblos, eng Schimär, oder e Begrëff, net kloer definéiert, vun deem jiddereen awer eng konkret Virstellung huet? Positives an Negatives iwwert de Barock léiere mer an der Geschicht: Krich, Reliounszwist, Misär. Oder der Konschtgeschicht: Parzeläinallegorien an Trompe-l’œil. D’Gesellschaft verwandelt sech: Gidder aus Ost- a Westindien stranden an Europa an aner Kulture maachen de Leit, hei, nei Horizonter op. Och fiktiver, a Literatur, Musek an Theater. Eng Serie vum Roger...

Duration:00:11:20