Méi wéi Sex-logo

Méi wéi Sex

Health & Wellness Podcasts

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.

Location:

United States

Description:

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.

Language:

English


Episodes
Ask host to enable sharing for playback control

#142 Keng Persoun déi wëll, kee Bock, an elo? – Kee Sex hunn

5/3/2024
Et gi Momenter am Liewen, do huet een*t kee Sex. An dat net ëmmer ganz fräiwëlleg an och net ëmmer ganz glécklech. Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer wat dat mat eis mécht a wat fir Grënn et ginn, kee Sex ze hunn. Si erzielen, wéi eng wichteg Erkenntnis dobäi hëllefe kann, eng Zäit ouni Sex ze akzeptéieren a wat fir Méiglechkeeten et gëtt, vir erëm méi Sex ze hunn – oder awer, wéi een*t Alternative fanne kann. An an der Rubrik erkläert den Elie eis, wat Intimpiercingen sinn a wat fir verschiddenen Zorten et ginn. Interessant Links: MwS Episod #75 iwwert Dauer vu Sex MwS Episod #69 iwwert Asexualitéit MwS Episod #126 iwwert Demisexualitéit Come As You Are vum Emily Nagoski

Duration:00:54:13

Ask host to enable sharing for playback control

#141: Cu oder Byebye? – Verhütung mat der Kofferspiral

4/19/2024
D*e Robin huet Angscht viru Kofferdéiwer - wéi dat?! Ganz einfach: d*e Robin benotzt e Koffer IUD zur Empfängnisverhütung, an dat säit 5 Joer. Während d'Thema Kofferspiral vun Zäit zu Zäit opkënnt, wësse vill Mënschen zimmlech wéineg iwwer dat awer scho relativ aalt Verhütungsmëttel - an oft nach manner iwwer seng néi Re-erfindungen! An dëser Episod freet de Joël d*e Robin aus: iwwer déi verschidde Formen vun der Verhütung mat Koffer, wéi sou e klenge Metalldrot amfong eng Schwangerschaft verhënnere soll an iwwer dem Robin seng Erfarungen mat dëser Verhütungsmethod. Dës Episod ass dann och Deel vun enger neier Serie iwwer Erfarungsberichter mat verschiddene Verhütungsmëttelen. Wann s du deng Erfarungen mat eis op der Antenn deele wëlls, da schréif eis op sex@ara.lu oder kontaktéier eis iwwer social media. :) An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Selbstkritik a kulturelle Kontext. Shownotes: Infos iwwer d'Kofferspiral Kofferspiral fir jonk Mënschen Infos iwwer d'Kofferketten Infos iwwer de Kofferball Dem Kelly seng Rubrik iwwer thermesch Verhütung

Duration:00:53:18

Ask host to enable sharing for playback control

#140: Turnschlappen, Brëscht a Menopause – (kee) Sex am mëttleren Alter?

4/5/2024
De mëttleren Alter ass berühmt-berüchtegt - a vill Leit kucken deem Ofschnëtt vum Liewen mat enger gewësser Angscht entgéint. Angscht, dass "déi gutt Zäiten" dann eriwwer sinn, Angscht virun kierperleche Verännerungen, virun engem Verloscht u Sexualitéit. An dëser Episod schwätzt Kelly mat engem ganz besonnesche Gaascht iwwer dëse Liewensofschnëtt: d'Sandra erzielt vu Bestietnisser, Kanner, Brëscht a Sex moies fréih. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer MDMA Koppel Therapie. Shownotes: Podcast „I Weigh“ with Jameela Jamil TED Talk: „The secret to mastering life's biggest transitions“ with Bruce Feiler Emily Nagoski „Come as you are“

Duration:00:57:14

Ask host to enable sharing for playback control

#139: FOMO, Konsum an d’Britney – Toxic Sex Positivity

3/22/2024
Influencer*innen, Partien, esouguer Produiten: Et schéngt, wéi wa jiddereen*t a säi Cousin hautdesdaags sexpositiv wéilte sinn. A wärend déi eng vun de wonnerbaren Orgien erzielen, op deenen si waren, kréien déi aner FOMO, d'Fear of Missing Out. Mä wien decidéiert eigentlech, wat mir net „verpassen“ dierfen? An dëser Episod schwätzen de Joël an d*e Robin iwwert déi toxesch Säit vu Sex Positivity, iwwert déi esoteeresch an essentialistesch Weltbiller, déi sech dacks hannert engem sexpositiven Image verstoppen – an doriwwer, wéi mir selwer entscheede kënnen, wat mir net verpasse wëllen a wat schonn. A wann dir duerno nach net genuch entspaant sidd, schwätzt Kelly an der Rubrik iwwer Stress.

Duration:00:39:34

Ask host to enable sharing for playback control

#138: Vu Walrecht, Hausbesetzungen an neie Beweegungen – Feminismus zu Lëtzebuerg

3/8/2024
Et ass den 8. Mäerz, de feministesche Kampfdag! Passend zu dëser Occasioun schwätze mäer an dëser Episod iwwer d Geschicht a Géigewaart vum feministesche Kampf zu Lëtzebuerg. An d*e Robin ass dobäi net alleng, mee huet Ada vum Kënschtler*inne Kollektiv Richtung22 am Studio. Ada gëtt dann och e klengen Abléck an d Zukunft vun der lutte féministe am Land. Shownotes: Megaphone.lu (Website an op Instagram) Fraendag.lu Buch: Mit den Haien Streiten

Duration:00:48:51

Ask host to enable sharing for playback control

#137: It’s fucking political – Sex a Politik

2/23/2024
Haut gëtt et politesch! De Joël an d*e Robin diskutéieren, firwat a wéi Sex a Sexualitéit politesch si kënnen, an och ob Sex ëmmer politesch ass. Wann s du heiere wëlls, wat Politik mat HIV, Kondomer an Hoer ze dinn huet a firwat dass eist Méi Wéi Sex Team kee Sex mat Nazis huet, da lauschter an dës Episod eran. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer ADHS a Bezéiungen. Shownotes: Kontroversen ëm Fuck For Forest: Congress a Public Sex Controversy Kriminaiséierung vu queere Mënschen Beispiller vun ACT UP Gran Fury Interview Iwwer Gran Fury Grujeleg Reklammen iwwer AIDS aus UK: hei an hei

Duration:00:46:37

Ask host to enable sharing for playback control

#136: Vun Plugs, Pegging an Popos – Analsex

2/9/2024
Et ass gläichzäiteg een Tabuthema an ee vun deene meeschtgesichten Termen op Pornositen. Et kann een*t et mat Toys, mat Fanger, mat der Zong, mat engem Penis oder esouguer der ganzer Fauscht maachen. Riets ass vun Analsex. De Joël, den Elie an d*e Robin schwätzen ënnert anerem doriwwer, ob si léiwer Analsex oder Butt Stuff soen, wat een*t drun hënnere, kann et auszeprobéieren, wat fir wichteg Methoden et fir safer sex bei Analsex ginn an doriwwer, wéi gesond et ass, heiansdo am Aasch ze sinn. An der Rubrik erkläert den Elie eis, wat Blue Balls sinn.

Duration:00:51:03

Ask host to enable sharing for playback control

#135: Du Aarsch – Vum Kickes bis zum Po, alles iwwer Hënnere

1/26/2024
Firwat fënnt een Hënneren interessant oder attraktiv? Wéi gëtt de Pupes popkulturell präsentéiert? Wéi oft denkt een un den eegene Kickes? Wat formt eis Bezéiung zu eisem Dokes? A wat kann een alles mat Äersch maachen? Doriwwer schwätzen de Joël a Robin an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer „How to: Complete Your Stress Cycle“. Links: - Guardian Artikel - 1001 Fesses Project

Duration:00:50:44

Ask host to enable sharing for playback control

#134: Méi wéi Doftkäerzen an Meditéieren – Self Care

1/12/2024
D'Joer 2024 huet ugefaangen, an dat kënnt fir vill Leit mat Neijoersvirsäz anhir! Vu dass Self Care momentan zimmlech e thing ass, ass dëst Konzept eise Podcaster*innen och als Virsaz duerch de Kapp gaang. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat Self Care amfong ass, wéi se ausgesi kann a firwat si et net op hir Lëscht vun de Neijoersvirsäz gepackt huet.

Duration:00:48:08

Ask host to enable sharing for playback control

#133: Popcorn, Picknick oder Poppen – Wat ass een (gudden) Date?

12/29/2023
Wien kennt et net? Et trëfft een*t sech mat enger Persoun, et ënnerhält een*t sech gutt an um Enn freet een*t sech: War dat elo een Date? De Joël, den Elie an Kelly probéieren an dëser Episod, dem Geheimnis op d'Spuer ze goen an ze klären, wat een Date ass. An well mir net bei de Basics ophalen, erziele mir dann och, wat ee gudden oder esouguer de perfekten Date wier. E puer Tipps fir gutt Locations an Aktivitéite fir äre nächsten Date gi mir iech och! An der Rubrik schwätzt Kelly iwwert de Mythos vum Sexdrive.

Duration:00:56:09

Ask host to enable sharing for playback control

#132: Daily Bodyhorrors – Ekel, Schummt a wierd Kierpersachen

12/15/2023
Eenzel Hoer, klompeg Flëssegkeeten, interessant Gerösch - den dägleschen Kierper produzéiert sou Eeneges fir dat mer eis intuitiv schummen oder eekelen. An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly driwwer. Mir froen eis: Wat gëtt et esou u weirde Saachen, déi aus eise Kierpern erauskommen oder drop wuessen - a wouhier kommen Ekel a Schummt?

Duration:00:57:07

Ask host to enable sharing for playback control

#131: Méi wéi eng déidlech Infektioun – HIV Témoignage

12/1/2023
HIV an AIDS, Begrëffer déi och haut nach a ville Leit Angscht ausleisen. No der furchtbarer Epidemie an den 80er a 90er, déi virun allem queer Mënsche getraff huet, sinn och haut nach vill Stigmaën iwwer HIV an de Kapp vun de Leit ze fannen. Well et am Globale Norden méi roueg ëm d Thema HIV ginn ass, wësse vill Persoune net, dass d Wësseschaft säit de 90er wäit komm ass. De Patrick lieft säit 2007 mat HIV, an erzielt eis seng Geschicht. An der Rubrik erklärt d Kelly, wat Arousal Non Concordance ass. Shownotes: Infos iwwer PrEP zu Lëtzebuerg: prep.lu Méi Wéi Sex test sech op HIV: Episod 72 STI Témoignage HPV: Episod 114 HIV Berodung vun der Croix Rouge

Duration:00:45:26

Ask host to enable sharing for playback control

#130: Coming out later in Life – Interview mamm Annette

11/17/2023
Vill vun eis, virun allem déi méi jonk ënnert eis, hu sech relativ fréih an hirem Liewen mat Sexualitéit a Geschlecht auseneegesat. Virun allem an de soziale Medien an a ville queere Spaces ass d Perspektiv vu Jonke präsent, oder och nach vu manner Jonken déi vu queeren Erfarungen aus hirer Jugend erzielen. Mee wat ass mat Leit, déi sech réicht méi spéit am Liewe geout hunn? An dëser Episod schwätzt d*e Robin mamm Annette: si ass eng trans Fra, déi sech an hire 50er geout an hir Transitioun ugefaangen huet, a gëtt eis en Abléck an hir Erfarungen a Gefiller ëm d Thema Outing. An der Rubrik erkläert den Elie, wat de Beruff vum Sexolog ausmëscht.

Duration:00:38:45

Ask host to enable sharing for playback control

#129 Deng Mamm fënnt de Legolas flott – Elteren a Sexualitéit

11/3/2023
An dëser Episod gëtt et ganz akward. Oder op mannst schwätze mir iwwert een Thema, dat vir vill Leit bëssi peinlech oder komesch si kann: Déi eegen Elteren a Sexualitéit. D*en Robin an de Joël schwätzen iwwer Opklärung a wéi déi u schlechte Bicher scheitere kann, iwwer Schimmt an d'Eltere beim Sex héieren. Ausserdeem erzielen déi zwee, wisou esou een Outing bei den Elteren heiansdo guer net esou dramatesch ass, wéi een*t vläicht gemengt hat. An wat et mat dem Legolas (sengem Hënner) op sech huet, gitt dir natierlech och gewuer. An der Rubrik geet et em den Ënnerscheed tëscht Ereegung, Loscht an Unzéiung.

Duration:00:49:40

Ask host to enable sharing for playback control

#128: Méi wéi just eng Course – Drag zu Lëtzebuerg

10/20/2023
Wa Leit vun Drag heieren, dann denken se oft mol un Ru Paul's Drag Race - eng weltbekannte Show, déi Kultstatus an der queerer Kultur huet, an déi Drag an de Mainstream bruecht huet. Oder zumindest eng bestëmmte Form vun Drag ... Den Charlie ass e lëtzeboieschen Drag artist, a schwätzt mamm Robin doriwwer, aweifern Ru Paul's Drag Race d Drag Szen beaflosst huet, a wat den Term Drag amfong ëmfaasst. Als Lëtzeboier gëtt den Charlie och Abléck an déi lëtzeboiesch Drag Szen. Lauschter dës Episod fir e gudden Intro an d Thema Drag ze kreien! An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Grounden. Shownotes: CNN: The US has a rich drag history. Here's why the art form will likely outlast attempts to restrict it. BBC: The History of Drag and historical drag queens. Vox: How Ru Paul's Drag comments on trans women led to a Drag Race revolt - and a rare apology.

Duration:00:40:14

Ask host to enable sharing for playback control

#127 – Pony, Vokuhila oder Brosse – Frisuren a wat se bedeiten

10/6/2023
Haut gëtt et mol erëm horeg. Kelly a Joël schwätzen awer net iwwer Intimbehorung, mä iwwer d'Frisuren, déi mir um Kapp droen. Déi soe jo meeschtens eppes iwwert déi Persoun aus, déi se dréit. Mä ginn et wierklech queer Frisuren? An wisou änneren esou vill Leit hir Frisur no engem Break-Up? Nieft deene Mysterien ginn de Joël a Kelly dann awer och der Fro no, wat Frisure mat Sex(appeal) ze dinn hunn. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwert Homologie. Shownotes zu der Rubrik Eng Grafik, déi Homologie ganz gutt wéisst. Buch: Emily Nagoski „Come as you are“

Duration:00:49:47

Ask host to enable sharing for playback control

#126: Méi wéi just heiansdo Sex – Demisexualitéit

9/22/2023
Demisexualitéit - e Begrëff, dee vill Leit schonn eng Kéier héieren hunn, mee ëm deen et vill Mësskonceptiounen gëtt. Kelly an d*e Robin probéieren an dëser Episod, d'Notioune vun Attraktioun a Sexualitéit opzeschlësselen, erklären den Ënnerscheed tëscht A- an Demisexualitéit an erzielen dovun, wéi ënnerschiddlech si hir Sexualitéit wouerhuelen. Niewebäi geet et och ëm Kuch, Gas a Bremsen, a si ginn eng Äntwert op d Fro "Demi - Heiansdo Sex, guer kee Sex, vill Sex?" (Spoiler: it depends!). An der Rubrik gëtt den Elie Tips zu Aftercare. Shownotes Bicher - „Ace: What Asexuality Reveals About Desire, Society, and the Meaning of Sex“ vum Angela Chen - „(un)sichtbar gemacht – Perspektiven auf Aromantik und Asexualität“ Annika Baumgart & Katharina Kroschel - „Come as you are“ vum Emily Nagoski - "Ace Voices: What it Means to Be Asexual, Aromantic, Demi or Grey-Ace" Eris Young - "Das asexuelle Spektrum: Eine Erkundungstour" Carmilla DeWinter Méi vum Méi Wéi Sex Podcast: - Formen von unzeihung Episod 57 - Asexualitéit Episod 69 - Aromantik Episod 107 - Net-penetrative Sex Episod 118 - Sex Drive Episod 122 Videos vum Hannah Witton (op Englesch): - "Sexual Arousal, Desire and Attraction: What's the Difference?" (Ënnerscheed tescht sexueller Erregung, Loscht an Unzeiung) - "The Secret to Sexual Arousal" (Erreegung) - "The Truth About Sexual Desire" (Loscht/Begehren) Méi vun den Ace_Arovolution (vum Baumgart&Kroschel): - Instagram - Glossar Formen vun Unzéiung z.B. dësen Video: Types of attraction

Duration:00:55:53

Ask host to enable sharing for playback control

#125 Vun Zongen, Spaut an Puzzlestecker – éischt Kussen

9/15/2023
An der éischter Episode vun Staffel 6 (yay!) geet et em: éischt Kussen! 😗😘😚😙 Joël, Kelly, Robin an Elie schwätzen iwwer weieng éischt Kussen si haten, wat e gudden éischte Kuss ausmëscht an wei vill Zong gewollt ass. An der Rubrik erkläert Kelly, firwat een bei Erreegung net nëmmen muss op de Gas drécken, mee och vun der Bremse erofklammen.

Duration:00:58:16

Ask host to enable sharing for playback control

#124: Outtakes!

8/18/2023
Äert Méi Wéi Sex Team versuergt Iech mat Outtakes aus deene leschte Joren! Mir wënschen Iech vill Spaass mat eise Verspriecher, eisem Gegackers, Gesangs a Geklapps! An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Summer-Sex.

Duration:00:17:35

Ask host to enable sharing for playback control

#123: Sandwichkanner, béis Stéifschwësteren an ee groussen Tabu – Geschwëster

7/21/2023
Et ass net ëmmer einfach mat hinnen, mä vill vun eis kënnen sech ee Liewen ouni si guer net virstellen: Riets ass vu Geschwëster. De Joël huet der véier a Kelly ass Eenzelkand mat ville Stéifgeschwëster. Si schwätzen doriwwer, wéi dat esou ass, mat oder ouni Begleedung opzewuessen, wat een*t esou präägt a wéi dat eegent Iessverhalen dovunner beaflosst gëtt. Am Gespréich geet et och ëm d'Fro, ob et eng Berechtegung huet, seng Positioun ënnert de Geschwëster als Ersatz-Stärenzeechen ze benotzen a wat et mat deem groussen Tabu Geschwëster a Sex op sech huet. Eng Rubrik gëtt et net, dofir wënsche mir iech ee schéine Summer – bis an der nächster Staffel, bléift hydratéiert!

Duration:00:46:40