And One - De Basketpodcast-logo

And One - De Basketpodcast

Sports & Recreation Podcasts

Am Podcast vum "Luxemburger Wort" schwätzt de Sportjournalist Bob Hemmen mat Gäscht aus dem nationale Basket.

Location:

United States

Description:

Am Podcast vum "Luxemburger Wort" schwätzt de Sportjournalist Bob Hemmen mat Gäscht aus dem nationale Basket.

Language:

English


Episodes
Ask host to enable sharing for playback control

#48 - Yves Braun a Max Reuter

5/7/2024
An der leschter Folleg schwätzt de Bob Hemmen mam Yves Braun a mam Max Reuter iwwert den Opstig vun Avanti Mondorf. De Veräi spillt nächst Saison fir d'éischte Kéier an der LBBL.See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:29:11

Ask host to enable sharing for playback control

#47 - Maik Zirbes

4/23/2024
Der ehemalige deutsche Nationalspieler spricht im Podcast über seine Rückkehr nach Trier und die Gerüchte um einen möglichen Wechsel nach Luxemburg. Außerdem erklärt der 34-Jährige, warum er sich in Interviews nie besonders wohlgefühlt hat.See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:33:22

Ask host to enable sharing for playback control

#46 - Vic Heuschling

4/9/2024
De Vic Heuschling schwätzt iwwert seng éischt Saison an der Fiels an erzielt, wisou och Zolwer e ganz spezielle Club ass. Ausserdeem verréit hien, wéi et ass, Géigespiller ze behandelen.See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:40:03

Ask host to enable sharing for playback control

#45 - Tessy Hetting

3/12/2024
D'Ex-Nationalspillerin huet sech am Lëtzebuerger Basket net just um Terrain en Numm gemaach, mee dréit och vill zu der positiver Entwécklung bei der FLBB bäi.See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:32:13

Ask host to enable sharing for playback control

#44 - Ivor Kuresevic

2/27/2024
De jonken Nationalspiller huet de Schratt an d’USA gewot a spillt elo zu Wien. Am Podcast schwätzt hien iwwert d’Zäit zu Steesel, säi geplatzten Dram a seng Ambitiounen.See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:37:28

Ask host to enable sharing for playback control

#43 - Lisa Jablonowski

2/13/2024
D’laangjäreg Nationalspillerin erënnert sech am Podcast un d’Joren um College an den USA an als Profi an Italien. Ausserdeem erkläert et, wisou et villäicht net méi mam Basket ufänkt.See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:40:57

Ask host to enable sharing for playback control

#42 - Rui Nunes

1/30/2024
E Beroder huet mat ville Virurteeler ze kämpfen. Am Podcast erzielt de Rui Nunes, wéi säin Alldag als Agent ausgesäit, wourop hie beim Recrutement oppasst a wat zu Lëtzebuerg am Ëmgang mat de Profie schif leeft.See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:44:16

Ask host to enable sharing for playback control

#41 - Ehis Etute

1/16/2024
D'Ehis Etute ass wuel déi talentéiertst Basketspillerin, déi Lëtzebuerg jee hat. An d'T71-Spillerin liwwert net just um Terrain of. D'Ehis erzielt e puer witzeg Anekdoten a verréit, wisou et net onbedéngt an d'WNBA wëll.See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:28:20

Ask host to enable sharing for playback control

#40 - Christophe Flammang

11/28/2023
Basket ass dem Christophe Flammang seng grouss Passioun. De Coach vun de Sparta-Männer ass scho fréi Trainer ginn an huet sech als éischt am Jugendberäich engagéiert. No e puer Joer zu Bascharage ass hien op Bartreng zeréckkomm, wou e vill verschidden Aufgaben hat, ier en an Däitschland innerhalb vu kuerzer Zäit esou munches geléiert huet. Am Podcast erzielt de Christophe Flammang, wéi een de Basket hei am Land verbessere kéint.See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:47:15

Ask host to enable sharing for playback control

#39 - Cathrin a Yann Wolff

11/14/2023
D'Cathrin an de Yann Wolff sinn net just Geschwëster, mee och allen zwee leidenschaftlech Basketspiller. Am Podcast schwätzen si iwwert hir Kandheet an d'Bedeitung vum Sport am Liewen. Ausserdeem beäntwerten si, wien éischter mol géif en Training verpassen a wien heiansdo e Gebuertsdag vergësst. See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:42:32

Ask host to enable sharing for playback control

#38 - Sam Ferreira

10/31/2023
De Sam Ferreira spillt net just an der LBBL fir Mamer, mee och fir d'3x3-Nationalequipe. Am Podcast erzielt hien, wéi et dozou komm ass a wisou him d'Ënnerstëtzung vun der Famill esou wichteg ass.See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:33:24

Ask host to enable sharing for playback control

#37 - Liz Schmitz

10/17/2023
D'Liz Schmitz war Profi an huet hei am Land vill Titele gewonnen. Am Podcast bléckt d'Ex-Nationalspillerin net just op hir aktiv Karriär zeréck. D'Liz erzielt och, wisou et haut net just selwer coacht, mee och motivéierten Trainerinnen an Trainer hëlleft.See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:40:58

Ask host to enable sharing for playback control

#36 - Oliver Vujakovic

10/3/2023
Den Olivier Vujakovic zielt zu de beschte Lëtzebuerger Basketspiller. Säit leschtem Joer ass hien zeréck am Land a spillt och nees fir Walfer. Am Podcast verréit de Nationalspiller, wéi d'Goldmedail zu Malta gefeiert gouf. Ausserdeem schwätzt hien iwwer seng Originnen a beäntwert zum Schluss e puer Quiz-Froen.See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:34:42

Ask host to enable sharing for playback control

#35 - Virschau op d‘Saison 2023/2024 mam Jenny Zeyen a Jeff Kettenmeyer

9/19/2023
D‘Basket-Saison geet endlech nees un. Virum éischte Spilldag beäntwert de Bob Hemmen zesumme mam Jenny Zeyen (Tageblatt) a Jeff Kettenmeyer (RTL) déi wichtegst Froen zum Damme- an Härechampionnat.See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:58:18

Ask host to enable sharing for playback control

#34 - Samy Picard

8/9/2023
De Samy Picard ass schonn zanter 2020 President vun der FLBB. Och no der Corona-Pandemie haten den Ex-Nationalspiller a seng Equipe genuch ze dinn. An der leschter Folleg vun der Saison erzielt hien, wéi e perséinlech mat de villen Diskussiounen eens ginn ass, déi et dës Saison goufen. Ausserdeem äussert hien sech zu aktuellen Themen.See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:31:33

Ask host to enable sharing for playback control

#33 - Jean Kox

4/18/2023
No dëser Saison zitt de Jean Kox e Schlussstréch. De laangjärege Nationalspiller trëtt am Alter vun 32 Joer zeréck. Am Podcast erzielt de Kapitän vun de Musel Pikes, wisou en dës Entscheedung getraff huet a wourob en sech elo besonnesch freet. See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:41:56

Ask host to enable sharing for playback control

#32 - Lou Mathieu a Christophe Mertzig

4/4/2023
D'Lou Mathieu an de Christophe Mertzig hunn sech duerch de Basket kennegeléiert. Wärend d'Lou zu Contern bei den Damme spillt, ass de Christophe fir d'Hären am Asatz. Am Podcast geet et em d'Roll vum Sport an hirer Bezéiung an d'Zukunft vum Club. See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:37:49

Ask host to enable sharing for playback control

#31 - Philippe Gutenkauf

3/21/2023
De Philippe Gutenkauf huet e Samschdeg mat der Etzella d'Coupe gewonnen. Am Podcast erzielt den Ettelbrécker, wéi hien dëse speziellen Dag erlieft huet a wéi d'Party nom Match war. Ausserdeem schwätzt de Nationalspiller iwwert seng aner Aufgaben am Veräin an eng iwwerraschend Offer aus Mexiko.See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:39:15

Ask host to enable sharing for playback control

#30 - Lena Mersch

3/7/2023
D‘Lena Mersch huet déi lescht Joren nieft dem Studium an Éisträich gespillt, elo ass et zeréck am Land a kämpft mat Sparta em Titelen. Am Podcast erzielt d‘Lena, wisou et op Bartreng gewiesselt ass, wéi säin Aarbechtsalldag ausgesäit an ob et sech scho mat der Nationalequipe beschäftegt huet.See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:34:21

Ask host to enable sharing for playback control

#29 - Joe Kalmes

2/21/2023
De Joe Kalmes wëll dës Saison mat Diddeleng endlech säin éischten Titel gewannen. Am Podcast schwätzt de Joe awer och doriwwer, wisou ee beim T71 e gewëssenen Drock huet a wéi schwiereg et ass, Polizist a Basketspiller ze sinn. Dobäi ass och seng Gesondheet entscheedend.See omnystudio.com/listener for privacy information.

Duration:00:39:53